Commons:Wiki Loves Folklore 2024

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search
This page is a translated version of a page Commons:Wiki Loves Folklore 2024 and the translation is 100% complete. Changes to the translation template, respectively the source language can be submitted through Commons:Wiki Loves Folklore 2024 and have to be approved by a translation administrator.

Shortcut: COM:WLF24

  • Home Page
  • 2024
  • 2023
  • 2022
  • 2021
  • 2020
  • 2019


Welcome to Wiki Loves Folklore!

Wiki Folklore on website Wiki Folklore on Facebook {{{Threads}}} Wiki Folklore on Twitter Wiki Folklore on Instagram Wiki Folklore on Telegram Wiki Folklore on YouTube Wiki Folklore via mailing list

Wiki Loves Folklore

Wiki Loves Folklore ass een internationale Fotowsconcours, deen alljoers vu Wikimedia Commons organiséiert gëtt fir d'Kultur an d'Traditiounen an deene verschiddene Regioune vun der Welt ze dokumentéieren. Wiki Loves Folklore 2024 ass eng Fortsetzung vu Wiki Loves Folklore 2023 mam Theema Vollekskultur. Den Ursprong vum Projet war am Joer 2018 mat Wiki Loves Love 2019 mam Theema Zeremonien a Fester vun der Léift.

Ëmfang

Dëse Fotosconcours ass op d'Vollekskulturen aus verschiddene Regioune fokusséiert. Verschidde Kategorië sinn Volleksfester, Volleksdänz, Volleksmusek, Volleksaktivitéiten, Volleksspiller, Vollekskichen, Vollekskleedung, Folklor an Traditiounen, dorënner Balladen, Vollekserzielungen, Märercher, Legenden, traditionell Lidder an Dänz, Vollekstheater, Spiller, saisonal Evenementer, Kalennergebräicher, Vollekskonscht, Volleksrelioun, Mythogolie a méi. Dir kënnt Iech e puer Virschléi a Beispiller op eiser Kategoriesäit ukucken.

Theema

Folklor
Ënnerkategorien

Vollekskultur no Land, Vollekskonscht, chineesesch Warsagerei, Volleksdanz, Europeade, Volleksfester, Folklor, Volleksspiller, Gavari, Volleksgruppen, Volleksmagie, Volleksmuséeën, Volleksmusek, Newweling, Volleksrelioun, traditionell Musek, traditionell Lidder, Volleksréngen.

Präisser

Déi international Präisser fir Wiki Loves Folklore sinn déi follgend:

  • 1. Präis: 400 US-Dollar
  • 2. Präis: 300 US-Dollar
  • 3. Präis: 100 US-Dollar
  • Trouschtpräisser fir déi aner Plazen ënnert den Top 10: jeeweils 40 US-Dollar
  • Präisser fir de beschte Video a fir déi beschten Tounopnam: jeeweils 50 US-Dollar
  • Top-Uploader-Präis fir Biller: Éischte Präis 300 US-Dollar, zweete Präis 150 US-Dollar
  • Wiki-Loves-Folklore-Postkaarte fir d'Top-100-Uploader
  • Certificaten a Postkaarte fir lokal Organisateuren.
(Disclaimer: D'Präisser ginn a Form vu Geschenkkaarten oder Bonge vu gréissere Marke am Géigewäert vum jeeweilege Betrag an der lokaler Wärung verdeelt.)

Zäitplang

Den Zäitplang vum WLF 2024 ass dee follgenden:

  • 1. Februar bis 31. Mäerz 2024
  • Starkfir eranzereechen: 1. Februar 2024, 00:01 (UTC)
  • Echeance fir eranzereechen: 31. Mäerz 2024, 23:59 (UTC)
  • Deklaratioun vun de Resultarer: Ëm de 15. Juli 2024

Wat mir net akzeptéieren

Mir wäerte keng Medien akzeptéieren, déi:

  • ausserhalb vum Perimeter vum Commons-Projet leien.
  • keng EXIF-Informatiounen enthalen.
  • ze staark beaarbecht oder digital verännert goufen.
  • pornographesch sinn.
  • Konschtwierker sinn, wéinst potenziellen urheberrechtleche Problemer, etc.

Kontaktéiert eis

Et gëtt verschidde Méiglechkeete fir eis ze kontaktéieren:

Beispiller fir Fotoen, déi een eraschécke kann

Folklorpersounen an -aktivitéiten

Vollekskichen

Volleksdänz

Volleksfester

Volleksmusek

Vollekskostümer a -kleedung

Schreifconcours

Et gëtt och ee Schreifconcous Feminismus a Folklor 2024 vum 1. Februar 2024 bis den 31. Mäerz 2024. Schreift nei Artikelen oder baut bestoender aus zum Theema Feminismus, Fraebiografien an genderfokusséiert Theeme mat Bezug op Folklor e Bräich op Wikipedia. Dir kënnt an Ärer lokaler Sprooch matmaachen.