Commons:Eng Kategorie ëmbenennen
Shortcuts: COM:RAC • COM:RENCAT • COM:CATMOVE
Dës Säit beschreift wéi een eng Kategorie "ëmbenennt" oder "réckelt", fir e passenden Numm mat engem bestëmmten Thema z'associéieren (fir d'Definitioun vun enger Kategorie, kuckt Commons:Categories, fir déi allgemeng Prinzippie wéi eng Kategorie genannt gëtt, kuckt Commons:Categories#Category names).
Commons huet e puer Botten a Skripten, déi an dësem Prozess hëllefe kënnen. Ob et sënnvoll ass, se ze benotzen oder net, hänkt vun der Aart vun ëmbenennen of.
Well d'Réckele vum Contenu bedeit, datt all d'Artikelen déi betraff si korrigéiert musse ginn, kënnen Diskussiounen iwwer de "richtegen" Numm fir eng Kategorie Nodeeler mat sech bréngen. Wann Dir Iech net iwwer de richtegen Numm eens sidd, frot als éischt bei Aneren ëm Rot. Eng Diskussioun féieren ass einfach, d'Réckele vun 300 Elementer vun A op B an zeréck ass et net.
Identifikatioun vum Sujet
Den Text hei drënner setzt viraus, datt d'Kategorie, déi ëmbenannt soll ginn, en eendeitegt Thema huet dat ganz genee bestëmmt ka ginn, an am Aklang mat de Commons-Richtlinnen ass.
Ass dat net de Fall, da sollten d'Kategorien eidel gemaach an duerno geläscht ginn (no de Richtlinne fir ze läschen). Beispiller:
- Category:Courageous people of Switzerland (daper Leit aus der Schwäiz, net definéierte Sujet)
- Category:Sugar and salt (Zocker a Salz, Kombinatioun déi net passt)
- Category:Sugalt (Begrëff deen et net gëtt)
De Sujet vun enger Kategorie gëtt no follgende relevanten Hiweiser festgeluecht:
- aktuellen Numm vun der Kategorie
- Text op der Kategoriessäit
- Interwikilinken
- Iwwerkategorien
Denkt drun, datt de Contenu (kategoriséiert Säiten a Fichieren) vun der Kategorie keng Roll spillt, well all Säit oder Fichier no de passende Sujete kategoriséiert muss ginn, an dëse Prozess net un d'Zouuerdnung vun den Nimm zu dëse Sujete gebonnen ass. Absënns kéinten déi meescht Contenue vun enger Kategorie falsch kategoriséiert ginn.
Aarte vun der Ëmbenennung

- Einfach Korrekturen: Schreifweis, Grouss- a Klengschreiwung oder Eenzuel/Méizuel (Substantiver sollten, sou wéi an der Lëtzebuerger Wikipedia (awer anescht wéi z. B. an der däitscher oder franséischer), am Plural sinn, d. h. Category:Things net Category:Thing). Dëst ka vu Botte gemaach ouni datt d'Communautéit sech drëm këmmere muss (béid Schreifweisen, amerikanescht a brittescht Englesch, ginn akzeptéiert).
- Onproblematesch Ännerungen: Upasse vum Numm vun enger Kategorie am Aklang mat de Commons-Richtlinnen iwwer d'Nimm (aktuell: Laténgesch Fachbegrëffer fir Planzen, Déieren a Pilzen, normalerweis alles Aneschtes op Englesch) an den Hiweiser, déi an der Kategorie Benennungsrichtlinn ze fanne sinn. Setzt an dëse Kategorië fir maximal siwen Dee eng Schabloun {{Category redirect}} derbäi; e Bot réckelt duerno de Contenu an eng Kategorie mam richtegen Numm déi et scho gëtt. Kategorië mat engem Redirect si just do fir weiderzeleeden a gi selwer net kategoriséiert. Wann eng Kategorie vill Elementer huet, denkt drun, datt et eng kontrovers Ëmbenennung ka sinn.
- Kontroves Ëmbenennung: wann en Numm vun enger Kategorie scho laang am Gebrauch ass oder d'Kategorie vill Elementer huet, oder wann d'Nummkonventioun net spezifesch ass. All Kategorie, déi en entspriechende Wikipedia-Artikel huet a fir deen et schonn eng Diskussioun iwwer de Lemma gouf, fält definitiv ënner dëse Punkt. Setzt an deem Fall eng
{{Move}}
Schabloun derbäi. Fänkt eng Diskussioun op enger Diskussiounssäit un, a verlinkt se aus allen anere relevante Kategorien, iwwerleet iech fir eng Notiz Commons:Kategorien déi zur Diskussioun stinn derbäizesetzen (wat normalerweis am Beschten geet, andeems Dir op "Nominate category for discussion" klickt) an/oder am Forum; déi lescht Méiglechkeet sollt idealerweis just fir Diskussioune benotzt ginn, déi (ongeféier) zéng oder méi Kategorien oder Dausende vu Fotoe betreffen. Loosst e Konsens sech entwéckelen, ier Dir duerno e Bot mat der Ëmännerung beoptraagt.
Prozedur fir d'Ëmbenennung
Wann Dir dëse Schrëtt selwer maache wëllt, musst Dir zwou Saache maachen:
- Réckelt d'Kategorie-Säit andeems Dir op de "Réckelen"-Tab an der ieweschter Läischt op der Kategorie-Säit klickt.
- Réckelt d'Ënnersäiten (Fichieren, Ënnerkategorien, Galerien asw.) vun der aler an déi nei Kategorie. Dir kënnt dofir den Tool Cat-a-lot benotzen, deen der an Äre perséinlechen Astellungen aktivéiere kënnt.
Wann néideg, markéiert och déi al Kategorie-Säit fir se ze läschen, sou wéi hei drënner beschriwwen.
Bot
- User:CommonsDelinker/commands - Setzt Är Ufroen op d'Diskussiounssäit. Benotzt dofir d'Schabloun {{move cat|Old name|New name|3=Explanation|user={{subst:REVISIONUSER}}}}.
All Bot, deen d'Kategorie réckelt, sollt als éischt den Accord vun der Communautéit hunn, wéi op der Bot-Beschreiwungssäit erkläert.
Déi al Kategorie läschen
An de Fäll wou en neie Benotzer eventuell zoufälleg probéiert, déi al Kategorie ze benotzen, ass et am beschten se als Redirect bäizebehalen. Dëst kënne gläichwäerteg Alternativen oder Synonymme sinn; méi al oder vereelzt Begrëffer; Iwwersetzungen; oder en anen Numm fir d'Kategorie, deen als korrekt ugesi ka ginn. An deene Fäll soll déi al Kategorie permanent mat enger {{Category redirect}} Schabloun gekennzeechent ginn.
Wann déi al Kategorie en einfachen Tippfeeler huet oder Dir déi eenzeg Persoun sidd, déi déi Kategorie jee benotzt huet, an Dir dee sidd dee s'ëmännert, da ka s'ouni Problem geläscht ginn. E séiert Läsche kann esou ugefrot ginn:
{{bad name|Neien Numm}}
oder
{{speedydelete|moved to [[:Category:…]] because …}}
Läscht keng Kategorien déi historesch Objete betreffen (an de richtegen Numm hunn) – absënns Länner oder Ënnerdeelungen: si hunn eng besonnesch Geschicht a meeschtens net déiselwecht geographesch Definitioun; et gëtt dacks eng Hellewull historesch Dokumenter a Fotoen déi sech dorop bezéien. Benotzt léiwer {{Category redirect|Neie Kategorienumm}} (dat ass vill méi einfach zeréckzesetzen: e Läschen ass destruktiv, de ganzen Historique verschwënnt an et ass eng Verschwendung vun der wäertvoller Zäit, déi drop goung fir déi entspriechend Dokumenter zesummenzedroen!).
Et kann net alles op déi aktuellst modern Definitioun zortéiert ginn, déi alles vermëscht, eventuell mat Contenuen déi näischt domat ze dinn hunn, oder datt vergiess gëtt, datt verschidde Regiounen en Deel vun der Geschicht vun engem anere Land waren: op d'mannst ass d'Weiderleeden (redirect) liicht z'änneren an et geet keng nëtzlech Informatioun verluer.
Kuckt och
- Commons:Rename a template fir eng Schabloun ëmzenennen
- Category:Requested moves, fir all d'Kategorien déi aktuell mat der {{Move}} Schabloun markéiert sinn.
- Commons:File renaming