File:Stolperstee Regina Hilb-Bonem, 13, rue Enz, Réimech-101.jpg

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Original file(1,670 × 1,316 pixels, file size: 1.77 MB, MIME type: image/jpeg)

Captions

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Summary

[edit]
Description
Lëtzebuergesch: Vrum Krich hunn zu Réimech fënnef jüddesch Famille gewunnt. Vun hinne goufen dräizeng Leit ëmbruecht, nëmme fënnef hunn den Holocaust iwwerlieft - alleguerte ware si Affer deene bis dohi vun offizieller Säit net geduecht gouf. Dofir huet d'Stad Réimech als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" de 24. Juni 2016 fir déi Doudeg siwwenzéng Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.

D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng dann och an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.

D'Famill Hilb-Bonem, an drëtter Generatioun an der Gemeng, huet op Nr 13 an der Rue Enz gewunnt. Se hat e Konfektiouns- a Schongbuttek. De Leopold Hilb, 1884 zu Aufhausen an Däitschland gebuer, gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hien de 17. August qualvoll gestuerwen ass. Um nämmlechten Transport ware seng Fra a seng Duechter Erna:

  • D'Regina Hilb-Bonem, 1886 zu Réimech gebuer, gouf am Vernichtungslager Chełmno an engem Gascamion ermuert.
  • D'Erna Hilb, 1915 zu Réimech gebuer an och do an d'Schoul gaang, ass qualvoll am Ghetto Litzmannstadt gestuerwen.
E grousse Merci un den Norbert Lindenlaub fir seng Recherchen zu den eenzelne Familljegeschichten.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 32′ 41.28″ N, 6° 22′ 03.28″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing

[edit]
Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current21:37, 28 June 2016Thumbnail for version as of 21:37, 28 June 20161,670 × 1,316 (1.77 MB)Jwh (talk | contribs)VicuñaUploader 1.23

Metadata