Commons:Wellcome

From Wikimedia Commons, the free media repository
(Redirected from Commons:Wëllkomm)
Jump to navigation Jump to search
This page is a translated version of a page Commons:Welcome and the translation is 81% complete. Changes to the translation template, respectively the source language can be submitted through Commons:Welcome and have to be approved by a translation administrator.

Wat ass Wikimedia Commons?

Wikimedia Commons ass eng Mediendatebank, déi net vu bezuelte Kënschtler, mee vu Fräiwëllegen erstallt gëtt. Den Numm "Wikimedia Commons" gëtt vum Projet Wikimedia, wat all Wikimediaprojete leed, an dem englesche Wuert "commons" (gemeinschaftleche Besëtz) ofgeleed, well et e Gemeinschaftsprojet vun alle Wikimediaprojeten an Nationalitéiten ass. Hie stellt vun dohier eng zentral Ophiewungsplaz fir fräi Fotoen, Diagrammer, Animatiounen, Musek, geschwaten Text, Filmstécker an all aner Arte vun digitale Medie bereed, déi fir Wikimediaprojeten benotzbar sinn.

Wikimedia Commons benotzt déi selwecht Wiki-Technologie wéi d'Wikipedia a ka vun dohier vu jiddferengem einfach an ouni besonnesch technesch Fähegkeeten direkt am Webbrowser beaarbecht ginn. Am Géigesaz zu de Mediendateien déi an den anere Projeten eropgeluede ginn, kënnen d'Medie vu Wikimedia Commons direkt an all Wikimediaprojeten agebaut ginn, ouni datt ee se do nacheemol separat eropluede muss.

Wikimedia Commons gouf de 7. September 2004 gegrënnt. Aktuell ginn et hei 104.841.343 Dateien an $2 Sammlungen (Zuelen an angelsächsescher Notatioun). De 24. Mai 2005 huet Wikimedia Commons d'Grenz vun 100.000 Mediendateie gebrach. Weider Hannergrondinformatiounen iwwer de Projet Wikimedia Commons fannt Dir am Impressum, op der Wikipediasäit iwwer Wikimedia Commons op der Säit an der Meta-Wiki.

Am Géigesaz zu traditionnelle Medienarchiven ass Wikimedia Commons fräi. Jiddferee kann déi hei gewisen Dateie kopéieren, benotzen a beaarbechten, soulaang d'Auteure genannt ginn, an d'Kopië mat de Verännerunge mat der selwechter Fräizügegkeet zur Verfügung gestallt ginn. D'Wikimedia-Commons-Datebank als sollech an d'Texter stinn ënnert der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun. D'genee Lizenzbedingunge vun all eenzel Mediendatei kënnen op der Beschreiwungssäit fonnt ginn. Weider Informatiounen zu den Notzungsbedingungen...

Bedeelegen

Am beschte kënnt Wikimedia Commons virun, wanns du dat bäisteiers, wats du am beschte kanns:

Är Aarbecht

Sidd Dir e gudde Fotograf, dann zéckt net Är schéinste Biller heihin ze setzen, sidd Dir e gudde Grafiker, da luusst emol wéi eng Diagrammer an Animatiounen dringend gewënscht sinn, sidd Dir e gudde Museker oder Film-/Theaterkënschtler, zéckt net Är Opname vun den Opféierunge vu fräie Stécker hei ze verëffentlechen.

Är Fähegkeeten

Dir muss net onbedengt eege Fichieren hei eroplueden. Et gëtt och nach genuch aner wichteg Aarbecht:

Är Zäit

Dir musst awer net emol e gudde Kënschtler sinn, oder gutt Schreiwe kënnen. Wann d'Schafe vun Uerdnung aus dem Chaos Ärt Element ass, da kënne mer Är Hëllef gebrauchen.

Tour

Umellen

Fir op Wikimedia Commons kënnen eropzelueden, musst Dir ugemellt sinn. Dat kënnt Dir maachen andeems Dir op de Link „Log in / create account“ am rietsen Eck vun der Säit klickt. De Benotzernumm gëtt da bei all Ären Aarbechten hei uginn. Wann Dir nëmmen am Text vun de Säite schafft, musst Dir net onbedingt ugemellt sinn (och wann et erwënscht ass).

Éischt-Schrëtt-Tutorial

Eis Hëllefsäit an eis Sammlung vun heefeg gestallte Froen kënnen Iech weiderhëllefen. Si erklären, wéi een d'Uewerfläch upasst (bspw. d'Sprooch), wéi een eppes eroplued an och eis Lizenséierungsrichtlinnen. Dir braucht keng technesch Fähegkeete fir hei matzemaachen. Sidd kéng a beweist gudde Wëllen. Dëst ass e Wiki - et ass wierklech einfach.

More information is available at the Community Portal. You may ask questions at the Village Pump or on IRC channel #wikimedia-commons webchat.

D'Fichieren op Wikimedia Commons sinn a Kategorien a Gallerien agedeelt. Op der Haaptsäit fannt Dir en Iwwerbléck vun de Kategorien.

Put Babel boxes on your user page so others know what languages you can speak and indicate your graphic abilities. All your uploads are stored in your personal gallery. Please sign your name on Talk pages by typing ~~~~. If you're copying files from another project, be sure to use the FileImporter.

Zousätzlech Dingschter a Programmer

Wann Dir nach ëmmer Angscht hutt, datt alles ze komplizéiert ass, oder wann Dir gréisser Quantitéite vu Fichieren eropluede wëllt, kënnt Dir de Service fir d'Eropluede vu Fichiere benotzen, fir datt sech aner Leit drëms këmmeren. Wann Dir selwer gréisser Quantitéiten eropluede wëllt, wäert e Programm wéi Commonist oder VicuñaUploader hëllefräich sinn. Wann Dir speziell Informatiounen iwwer d'Geschir fir d'Kucken an d'Ännere vun eisem Inhalt braucht, kuckt w.e.g. eis Programmiwwersiicht.

An elo vill Spaass op de Säite vu Wikimedia Commons.


Wikimedia Commons gëtt vun der Wikimedia Foundation bedriwwen, déi och fir weider méisproocheg a fräi Projete verantwortlech ass. Kuckt och Wikimedia-Biller.

Meta-Wiki
Projetskoordinatioun
Wikipedia
Enzyklopedie